Ëmmer méi kleng Kanner léiere sech mat Zeechen auszedrécken, an dat deelweis scho mat 4 Méint. Déi Kanner si weder daf, nach héiergeschiedegt, et geet drëms, fir mat den Erwuessenen ze kommunizéieren, éier dass se iwwerhaapt hir Mammesprooch schwätzen. E Konzept, dat et ëmmer méi an de Crèchen hei am Land gëtt a bei de Kanner och doheem soll an den Asaz kommen.