Groen TrendËmmer méi Gemenge gi géint d'Schottergäert vir

Tim Morizet
Steril a prezis leie se do, en dicht Mier u Gro. Dausende Steng, een nieft dem aneren, keng Plaz méi fir Grieser oder Blummen.
Ëmmer méi Gemenge gi géint d'Schottergäert vir
Steril a prezis leie se do, en dicht Mier u Gro. Dausende Steng, een nieft dem aneren, keng Plaz méi fir Grieser oder Blummen.

An de leschte Joren hu Schotter- a Stenggäert u Popularitéit gewonnen. Vill Gemenge ginn awer mëttlerweil géint dësen neien Trend vir.

Quadratesch, praktesch, gutt? Déi eng gesi se als liicht ze fleegen, fir anerer ass et eng schlicht a modern Alternativ. Fir Ëmweltorganisatiounen awer sinn d'Schottergäert eng Katastroph.

„Bei enger Fläch, wou ee Schotter drop kippt, geet natierlech Liewensraum verluer fir Liewewiesen um Buedem, Planzen, Insekten. Et ass eng absurd Situatioun, wa mer bedenken, datt mer an enger Biodiversitéitskris stiechen an all Quadratmeter u Liewensraum zielt",
erkläert d'Michelle Schaltz, Responsabel fir Biodiversitéit beim Mouvement écologique.

A ville Gemengen zu Lëtzebuerg sinn dës gro Gäert mëttlerweil verbueden. Gëtt en Haus gebaut, renovéiert oder eng nei Autorisatioun, fir eppes am Gaart ze bauen, ugefrot, da muss och eng Fläch fir eppes Grénges reservéiert ginn. Zanter 2019 och zu Beetebuerg.

„33% vun der Fläch muss aus Gréngfläch bestoen. Dat ass eng Fläch, déi vegetaliséiert ass a Waasser duerchléisst. Bei Haiser, déi méi ewéi 7 Meter breet sinn, muss d'Hallschent vum Terrain gréng amenagéiert ginn", sou d'Josée Lorsché, Schäfferot zu Beetebuerg.

Gréisser Interventiounen oder Protokoller waren am Passé net néideg, sot d'Josée Lorsché: „Wann ee sech net drun hält, da schwätze mer mat hinnen a ginn ze verstoen, datt dat net dat ass, wat an eisem Reglement steet. Dat ass awer normalerweis net problematesch. D'Leit verstinn déi Suerg, déi mer hunn, ganz gutt."

Ma net bei jidderengem huet dat esou „reiwungslos" geklappt. E Beetebuerger, deen net wëll gewise ginn, war an dëser Situatioun. 2020 gouf säin Haus fäerdeg gebaut. Nodeems de Chantier fäerdeg war, krut hie bemol e Warn-Bréif vun der Gemeng. Mat Fotoen. Den Accord fir de Projet, de Gaart inclus, hat hien awer am viraus kritt. 8.000 Euro huet de Re-Amenagement duerno kascht. De Reproche: e Manktem u Kommunikatioun vun der Gemeng.

Zu Beetebuerg gëtt se aktuell diskutéiert – zu Bartreng existéiert se schonn – e Subside fir d'Re-Naturaliséierung vun esou Flächen. Engem Verbuet geet een hei aus dem Wee. Et probéiert een ze motivéieren, heescht et vum Patrick Michels, Schäfferot zu Bartreng: „Et ass jidderengem fräi iwwerlooss, ob een e Schottergaart wëll maachen oder net. Mee mir wëllen d'Leit incitéieren, souvill wéi méiglech Gréngfläch virun der Dier ze loossen, mee och bestoend versigelt Flächen zeréckzebauen."

Et ginn 3 verschidde Subsiden – gestaffelt op 100, respektiv 300 Euro. „An dee Subside géinge mer nach eng Kéier verduebelen, am Fall, wou méi ewéi 50% vun der Gesamtfläch virun der Hausdier da begréngt, respektiv beplanzt gëtt", heescht et weider vum Patrick Michels.

Alternativen zum Schottergaart ginn et genuch. Besonnesch där, déi Déierewelt ënnerstëtzen.

„Wann een onbedéngt wëll mineralesch Substrater ewéi Schotter a senge Virgäertche wëll hunn, da kann een och eng speziell Blummemëschung drënner séien. Da kritt een eng Zort „Trockenrasen". Do muss ee sech net vill drëms këmmeren. Déi Planze si ganz villfälteg. Déi muss ee vläicht 1 Mol am Joer méinen a sech net vill drëms këmmeren", sot d'Michelle Schaltz.

En Trend, dee bleift. Wuel éischter net, wann et ville Gemengen nogeet.

Back to Top
CIM LOGO