Et regroupéiert all d'Servicer vun der zweetgréisster Stad aus dem Land. Dat neit Stadhaus soll d'Entwécklung vun der Stad symboliséieren.
D'Minettmetropol an d'Gemengenhaus hunn och Perséinlechkeete konnte begréissen, zum Beispill an de 70er Joren. Am Juli 1971 war et eng offiziell Visitt aus Holland, d'Kinnigin Juliana war viru ronn 50 Joer op Besuch. Ënner anerem och an deem Sall, deen elo renovéiert gëtt. 5 Joer méi spéit koum d'Kinnigin Elisabeth déi Zweet aus Groussbritannien op Esch. Och si gouf mat hirem Mann am Sall vum Schäfferot begréisst.
Un der Fassad erkennt een och verschidde Fresken. Si all hunn eng gewësse Symbolik.
Zanter dem 6. Februar lafe gréisser Ëmbauaarbechten um 1.Stack vun der Gemeng. De Sall vum Gemengen- a Schäfferot gëtt komplett renovéiert. Ee Joer daueren dës Aarbechten. Schonn 2003 sollt de Sall nei amenagéiert ginn.
An de leschte 84 Joer goufe keng Ännerunge virgeholl. D'Fënstere bestinn nach aus eefach Verglasung. Bis op de Plaffong ass elo näischt méi ewéi virdrunner.
De ganze Projet kascht 2,7 Milliounen Euro. A grad ewéi virun iwwer 80 Joer goufen et och déi Kéier Diskussioune ronderëm de Finanzement.
Bis de Sall zu Esch fäerdeg renovéiert ass, ginn d'Sitzunge vum Gemengen- a Schäfferot um Belval an der Salle Ellipse organiséiert.