Aus dem Police-BulletinElektro-Motorrad kritt Kand ze paken

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg géint 15.15 Auer huet zu Déifferdeng een E-Motocyclist ee Kand iwwersinn, dat iwwer d'Strooss gelaf ass.

Zu dësem Accident koum et an der Rue de Hussigny an enger 25er Zon. D'Kand gouf vum Steierrad getraff an ass doropshin op de Buedem gefall. D'Affer koum fir eng medezinesch Kontroll an d'Spidol an huet keng gréisser Blessuren dovu gedroen.

E Sonndeg koum et iwwerdeems och nach zu engem Verkéiersaccident tëscht zwee Gefier, bei deem ee Chauffer alkoholiséiert war. Dat Ganzt ass geschitt géint 16.45 Auer op der N31 vu Bieles a Richtung Uewerkuer. De Mann, deen ënnert Alkoholafloss stoung, hat eng Kéier geschnidden a krut dobäi een anere Won ze paken. An dësem Gefier souz eng Famill mat engem Kand - allen dräi koume fir eng Kontroll an d'Spidol. Den Alkoholtest vum Schëllege war zwar positiv, huet awer net déi maximal Norm iwwerschratt - de Mann konnt säi Permis deemno halen.

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg krut d'Police géint 3.15 d'Meldung, datt sech zwou Persounen an der Avenue de la Liberté an der Stad an d'Hoer kritt hätten. Wéi eng Patrull vun der Police op d'Plaz koum, huet si just eng Persoun ugetraff. Dës huet nawell fatzeg no Marihuana geroch an dobäi huet eng Tiitchen aus der Boxentäsch gekuckt. D'Police huet de Mann duerchsicht an nieft 7 Titercher mat Marihuana och nach Tramadol-Pëllen, Boergeld, Quittunge vu Sportwetten a een Handy fonnt. De Parquet huet ordonnéiert, déi verbuede Substanzen esouwéi all déi aner Géigestänn ze confiszéieren a Plainte géint de Mann ze féieren. Vun der zweeter Persoun gouf et keng Spuer méi.

Weider Abréch de Weekend iwwer

An der Rue Charles VI an der Stad huet een Onbekannten de Wee an eng Bäckerei fonnt an do Boergeld matgeholl. Zu Réiden un der Atert huet sech ee Brigang Zougang zu dem Gemengenatelier verschaaft an huet op der Plaz verschidde Géigestänn matgoe gelooss. Iwwerdeems sinn Onbekannter zu Iechternach op engem Schantjen a véier Containeren agebrach an hunn diverst Material geklaut. Ee weideren Abroch gouf et zu Diddeleng bei enger Logistikfirma - hei hunn Onéierlecher Schaffgeschir geklaut.

Back to Top
CIM LOGO