Klima- an EnergieplangÉischt Moossname géint d'Liichtverschmotzung ëmgesat

Lynn Cruchten
Owes Mëtt Januar zu Veianen: op engem Ausfluchan der Däischtert gesäit een d’Veiner Schlass liichten, allerdéngs net méi esou hell ewéi soss.
VIDEO: Mesurë géint Liichtverschmotzung / Lynn Cruchten (23.1.2020)
Sämtlech Beliichtung zu Lëtzebuerg soll fir 2025 komplett op LED ëmgestallt ginn.

Mossname géint d'Liichtverschmotzung

Am Kader vum Klima- Energieplang ass virgesinn, dass sämtlech Beliichtung zu Lëtzebuerg fir 2025 komplett op LED soll ëmgestallt ginn. Schonn elo goufen zum Beispill zu Grooljen an der Gemeng Pëtschent, Stroosseluuchte-Käpp ersat, fir dass se mat enger anerer Liicht-Intensitéit an net méi onnëtz an den Himmel oder op Fassade stralen, mee just nach dohin, wou se sollen.

An der Gemeng Pëtschent ginn et 196 Stroosseluuchten, déi nach net all ëmgerëscht goufen, mä déi, déi et scho sinn, schénge sech ze bewäerten.

Nach ier d'Beliichtung zu Pëtschent ëmgerëscht gouf, ass ee mat Dronen iwwert den Terrain geflunn, fir ze kucken, wou an den Dierfer hell Punkte wieren. De nämmlechten Exercice soll elo am Februar widderholl ginn. Opgrond vun deeene Resultater soll dann decidéiert ginn, wéi eng Mesurë landeswäit kéinten ëmgesat ginn, fir eben eppes géint d'Liichtverschmotzung ze maachen a fir eng besser Vue op e schéine Stärenhimmel ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO