Parlamentaresch FroÉischt Entrevue iwwer Gewalt bei der Gebuert Enn des Mounts

RTL Lëtzebuerg
De Ministère, Fraendokteren an d'Associatioun vun den Hiewamme wäerte bei dësem Echange iwwer Gewalt bei der Gebuert an hir Konsequenze schwätzen.
© AFP (Archiv)

Dat geet aus der Äntwert vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng weider parlamentaresch Fro vun der Deputéiert vun déi Lénk Nathalie Oberweis ervir. Si hat no enger éischter Fro nach emol nogehaakt, fir gewuer ze ginn, ob hei am Land un enger kloer Definitioun geschafft gëtt, wat genee ënner Gewalt bei der Gebuert ze verstoen ass. Vun der Santé heescht et elo, de Conseil Scientifique vun der Santé géif "geschwënn" un éischte Recommandatioune schaffen.

D'Oppositiounsdepuéiert hat dem Ministère an hirer Fro virgehalen, datt et wëssenschaftlech Referenze vun der Weltgesondheetsorganisatioun zum Thema Gewalt an der Salle d'Accouchement gëtt. Eng Definitioun opzestelle géif vum politesche Wëllen ofhänken.

Fir de Rescht gëtt sech de Ministère an der Äntwert weider evasiv. D'Nathalie Oberweis wollt och wëssen, ob d'Santé national Enquêten op Basis vun Temoignagë vu betraffene Frae géif an Optrag ginn, fir d'Phänomen hei am Land z'erfaassen. Dat kéint Enn dës Mounts mat de verschiddenen Acteuren ugeschwat ginn, heescht et an der Äntwert.

Ënner Gewalt bei der Gebuert versteet een notamment Agrëff, déi ouni d’Averständnis vun der Fra duerchgefouert ginn. Momenter, déi Fraen als iwwergrëffeg erliewen. Psychesch Gewalt gehéiert fir d'WHO och dozou.

Back to Top
CIM LOGO