
An déi héich Ausgabe sinn strukturell déif verwuerzelt. Dat huet d’Fondatioun IDEA an enger neier Etüd festgestallt, déi se um Mëttwoch an der Chambre de Commerce presentéiert huet.
Besonnesch um Niveau vun der “Vieillesse”, also d’Ausgabe fir déi eeler Generatioun, dorënner natierlech d’Pensiounen, leien d’ëffentlech Depensen däitlech iwwert der Moyenne an den Nopeschlänner an Holland. Mee och fir den Transport oder nach fir d’Salairë fir d’Enseignanten. Den Direkter vun IDEA, de Vincent Hein, verséchert: D’Etüd ass keng Virlag, fir Spuermesuren ze fuerderen.
Trotz den héijen Depensen huet Lëtzebuerg relativ gesond Staatsfinanze par Rapport zu deene Länner, well d’Recetten och weider gewuess sinn. Den Auteur vun der Etüd, de Muriel Bouchet, huet awer hannerfrot, ob de Staat ëmmer misst all d’Suen ausginn, déi e rakritt.
Den Direkter vun IDEA huet betount, et wier net den Opruff un de Staat, fir Depensen einfach linear ze kierzen. Dem Vincent Hein no misst ee kucken, d’Depensë méi effizient ze maachen oder iwwerhaapt emol d’Effizienz vun den Depensen ze bewäerten. An deem Sënn huet hie begréisst, datt wat de Pensiounssystem ugeet, am Hierscht eng Debatt ass.