Posch geklautEeler Fra zu Esch/Uelzecht iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg géint 15.15 Auer koum et zu Esch an der Uelzechtstrooss zu engem Iwwerfall.

En Onéierlechen hat enger Fra hir Posch geklaut a sech a Richtung Akafszenter duerch d'Bascht gemaach. Hie gouf op der Kräizung Rue du Nord/Rue Victor Hugo vun der Police lokaliséiert a gestallt. Déi geklaute Posch gouf ouni Boergeld bei der Mamm vum Verdächtegen doheem fonnt a saiséiert.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an hat e Méindeg de Moie Rendezvous beim Untersuchungsriichter.

Déi pensionéiert Fra huet keng schwéier Blessuren dovugedroen, wéi si wärend dem Iwwerfall op de Buedem gefall ass.

Back to Top
CIM LOGO