
Bei engem Accident tëschent engem Auto an engem Motorrad gouf e Freideg den Owend kuerz virun 20.30 Auer zu Péiteng op der Maartplaz eng Persoun schwéier blesséiert, dat mellt de CGDIS e Samschdeg de Moien. Weider Detailer ginn et bis ewell net.
Bei engem weideren Accident zu Péiteng gouf an der Nuecht op e Samschdeg kuerz virun 1 Auer e Vëlosfuerer blesséiert. Hei koum et zu enger Kollisioun mat engem Auto.
E Samschdeg de Moie koum et dann nach zu zwee weideren Accidenter. Kuerz no 6 Auer war zu Bech een Auto an e Bam gerannt. A géint 9.15 Auer waren zu Éiter en Auto an eng Camionnette net laanschtenee komm. All Kéier gouf eng Persoun blesséiert.
Dann hat et e Freideg den Owend nach op e puer Plazen am Land gebrannt. Zu Helsem stoung een Dreckseemer a Flamen. Zu Diddeleng huet eng Gasfläsch gebrannt. An da gouf et nach een Tëschefall an engem Appartement an enger Residence. Déi dräi Kéiere gouf keng Persoun blesséiert.