CGDISEe Blesséierte bei Kummer-Brand zu Biereng

RTL Lëtzebuerg
D’Pompjeeë vu Miersch a Lëntgen waren e Sonndeg den Owend op der Plaz am Asaz.
© CGDIS (Archiv)

Am Lokale mellt de CGDIS e Kummer-Brand e Sonndeg den Owend an engem Gebai zu Biereng an der Ettelbrécker Strooss. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

Tëscht Sëll an Tënten war e Méindeg de Moie kuerz viru 7 Auer ee Motocycliste gefall. Eng Persoun gouf blesséiert. Da gouf et ëm déi nämmlecht Auerzäit een Accident mat engem Auto zu Beetebuerg an der Route de Luxembourg. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO