
Deen hu mer mat hier gemaach, nodeems hiert Buch "Mein Leben als Frau in der Politik" op engem digitalen Event virgestallt gouf, deen d'Associatioun vu fréiere Membere vum Europaparlament an Zesummenaarbecht mam Büro vum europäesche Parlament zu Lëtzebuerg organiséiert hat.
Bei där Geleeënheet hu mer d'Astrid Lulling och gefrot, wéi si dat lescht Joer erlieft huet an dunn huet se erzielt, datt si alles mécht, fir ouni Virus duerch dës Pandemie ze kommen.
"Ech hunn zwar 92 Joer, mä ech sinn awer nach gutt physesch an och geeschteg a Form an ech hat geduecht, ech kéint elo e puer Joer mäi Liewe richteg genéissen. Ech wollt emol op d'Croisière goen an esou weider, mä dat ass jo elo alles net. Ech kann Iech awer soen, ech gehéieren net zu deenen, déi do op eemol emotional Problemer hunn. Dat ass ebe wéi et ass, ech maachen alles, ech bleiwen doheem, fir gesond ze bleiwen, ech gesi keen, nëmmen déi, déi ech muss gesinn a wann ech se muss gesinn, och wéi déi, déi bei mer schaffen oder Reparature maache kommen, dann nëmme mat Mask a mat Distanz. Ech wëll dat iwwerliewen, fir dann, wann ech dann nach puer Joer hunn, fir dann nach bësse vu mengem Liewen ze profitéieren."
D'Autobiographie vun der Astrid Lulling ass virun 3 Joer erauskomm, ugefaange mat schreiwen, huet si 2014, wéi d'CSV si net méi mat an d'Europawale geholl huet.
Si begréisst et, datt hier Partei elo eng nei Spëtzt kritt.
"Den Drama Engel ass eriwwer. En huet jo selwer gesot e wéilt goen an en ass jo elo och fort. E wëllt en neit Liewen ufänken an ech wënschen him vill Chance derbäi. Elo kuckt d'CSV no vir, dee Problem do, deen Drama, deen ass se elo lass an ech sinn iwwerzeegt, datt d'Partei sech elo nei opstellt. Ech maachen hir ganz vill Confiance an ech hëllefe wou ech kann. Ech hunn der CSV ze verdanken, datt ech 25 Joer -vun 1989 bis 2014 konnt am Europaparlament sinn an ech wäert net zouloossen, dass déi Partei, där ech esou vill verdanken, dass där gesot gëtt si géing dat Falscht maachen, an dass och elo nach gesot gëtt si géing sech selwer zersetzen."
Richteg entsat, seet d'Astrid Lulling, wier se gewiescht, wéi se déi lescht Woch de Marc Fischbach hei op der Antenne héieren huet. Hie war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun an hat bedauert, wéi d'CSV an der Affär Engel virgaangen ass. Hien hat gesot, déi ganz Situatioun hätt missten intern geléist ginn.
Als fréiere Riichter um Geriichtshaff fir Mënscherechter, fënnt d'Astrid Lulling, misst de Marc Fischbach wëssen, datt een dat hei näischt dierft ënnert den Teppech kieren.