Silvester-FeierlechkeetenE rouege Rutsch an d'Joer 2021

Christophe Hochard
Normalerweis gëtt op Silvester d'Nuecht zum Dag gemaach, ma d'Corona-Pandemie huet dëst Joer do ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach.
E rouege Rutsch an d'Joer 2021
Normalerweis gëtt op Silvester d'Nuecht zum Dag gemaach, ma d'Corona-Pandemie huet dëst Joer do ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach.

En Donneschdeg den Owend hunn an der Zentral vum 112 7 Leit d'Nuetsschicht op Silvester assuréiert. Dat sinn der zwee weider wéi op engem normale Schaffdag. Fir d'Ekipp war et eng speziell Schicht.

Wéinst der Ausgangsspär vun 21 Auer un war et allgemeng méi roueg. An et war fir si dee leschte Silvesterowend am ale Gebai op der Cloche d'Or. Am Oktober dëst Joer plënnert den 112.

Wéinst der aktueller sanitärer Kris an de getraffene Mesuren, déi dowéinst en Place gesat goufen, war et ganz roueg an der Stad Lëtzebuerg. Bis op en Tram oder e Bus war quasi keng Mënscheséil ënnerwee.

Silvester ass gemenkerhand dee Moment, wou d'Nuecht zum Dag gemaach gëtt. Dësen 31. Dezember war et aneschters.

Zanter 11 Joer ass den DJ SeVen am Nuetsliewen ënnerwee. Och wann dëst Joer d'Diskoen zou sinn, huet hie sech eppes afale gelooss, fir datt d'Leit trotzdeem op seng Musek kënne feieren. Aus enger Garage eraus huet hien an dat neit Joer eragefeiert an alles live gestreamt. Um Hallefnuecht gouf dat neit Joer du mam Laude vun de Klacke begréisst. An och d'Freedefeier huet um Enn net gefeelt.

Back to Top
CIM LOGO