
Géint 19.15 Auer gouf een accidentéierten Auto um CR 358 tëscht Miedernach an Iermsdref gemellt. Eng Persoun gouf hei verwonnt.
Um 22.30 Auer krute sech zu Miedernach an der Dikrecher Strooss 2 Ween ze paken. 2 Blesséierter sinn hei ze bekloen.
Kuerz no 4 Auer koum et op der A13 nach zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Iwwer blesséiert Leit ass näischt gewosst.
Um 5.20 ass en Auto zu Diddeleng op d'Kopp gaang. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt.
A kuerz viru 7 Auer e Sonndeg de Moien ass zu Wolz nach ee Won am Gruef gelant. Och hei gouf et ee Blesséierten.