
Op der Streck tëscht Béiwen an Noutem ass e Freideg géint 22.40 Auer en Auto de Rampli erofgaangen. Hei gouf eng Persoun verwonnt.
Ëm déi nämmlecht Auerzäit ass een Automobilist op der N26 tëscht dem Schumannseck a Béiwen mat sengem Auto an e Bam gerannt an duerno de Rampli erofgerutscht. De Mann konnt sech selwer aus dem Gefier befreien a konnt zeréck op d'Strooss kloteren. Hie koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
A kuerz no 23 Auer ass zu Eesbech nach eng Persoun vun engem Auto ugestouss an dobäi blesséiert ginn.