GeriichtE Protokoll op Basis vun engem net existente Règlement grand-ducal?

RTL Lëtzebuerg
Mat 126 km/h op der A4 geblëtzt ginn, wou just 70 erlaabt war, laut engem Règlement ministériel, wat awer net z'applizéiere wier. E schwieregen Dossier.

Wann an enger Circulatiounsaffär e Vertrieder vum Parquet vun „immens interessanten Ausféierunge“ vum Affekot schwätzt, dee vun engem „ganz flotte Problem vu Hiérarchie des normes“ an d'Affär um Enn bis op Weideres ausgesat gëtt, dann huet een et mat méi engem spezielle Fall ze dinn: Sou geschitt um Mëttwoch de Moien um Stater Geriicht.

Do hat sech eng Fra vun 33 Joer wéinst op en Neits ze séierem Fueren ze veräntweren. Si war am Mäerz zejoert op der Escher Autobunn mat 126 Kilometer an der Stonn geblëtzt ginn, do wou u sech 70 erlaabt war.

Schwieregen Dossier um Stater Geriicht / Reportage E.Ewald

D'Fra huet um Mëttwoch de Moien erkläert, sech zejoert zu Steebrécken net un d'Vitess gehalen an hire klenge Jong am Auto gehat ze hunn, wat net ganz schlau gewiescht wär. Op d'Remark hi vun der Presidentin vum Geriicht, dass 126km/h schonn net schlecht wären, huet d'Fra einfach "Jo" geäntwert.

„D'Faite si kloer, dat streit keen of, mä et war näischt gesetzeswiddreg um Behuele vu menger Cliente!“, huet där hiren Affekot säi Plädoyer ugefaangen. Fir temporär oder definitiv Limitatioune bräicht et e Règlement grand-ducal: Sou ee wär awer eréischt no de Faite geholl ginn, an dee kéint net retroaktiv wierken, sou de Me Entringer.

Et hätt just e Règlement ministériel vum Januar virgeleeën, deen duerch e groussherzoglecht Reglement hätt misse confirméiert ginn. Hei hätt een et mat enger duebeler Illegalitéit ze dinn, well dat néidegt Reglement net vun engem Minister ze huelen a vun hirer zwee z'ënnerschreiwe war.

Géint seng Cliente wär et also zu Poursuitten op Basis vun engem Règlement ministériel komm, dat net z'applizéiere war. D'Fra wär deemno mat 126 gefuer, do wou net 70, mä 130 erlaabt gewiescht wär! Si hätt sech deemno un d'Gesetz gehalen. Wuel hätt e Schëld do gestanen, dat ugewisen hätt, et sollt ee mat 70 fueren, an et wär e Radar do gewiescht, mä déi zwee hätten näischt do ze siche gehat an héchstens eng Valeur indicative duergestallt. Den Affekot huet dofir de Fräisproch vu senger Mandantin gefuerdert.

Wouropshin de Vertrieder vum Parquet gemengt huet, d'Affär sollt bis op Weideres ausgesat ginn, well hien dee spezifesche Fall nach net gehat hätt an de Me Entringer deen Éischte wär, dee sou eppes virbrénge géif. Fir de Fall, dass hien zu deene selwechte Konklusioune kéim wéi den Affekot, géif d'Affär net zréckkommen an d'Sëtzung, huet de Parquetier betount, ier dës Affär dunn ebe bis op Weideres ausgesat gouf.

Back to Top
CIM LOGO