Modern LandwirtschaftE luest an onnéidegt Bamstierwen

Monique Kater
Elo am Wanter fale se engem net weider op, wann ee spadséiere geet, well se keng Blieder hunn.
E luest an onnéidegt Bamstierwen
100 Joer al Beem an hir Wuerzelen – hei sinn et virun allem Bichen - sinn der hautdesdaags zimmlech aggressiver Landwirtschaft ausgeliwwert.

D'Solitairen, grouss a meeschtens iwwer 100 Joer al Beem, déi net laanscht eng Strooss stinn, mee an oder um Bord vun engem Feld oder enger Wiss.

Tëschent Guedber an Hiefenech: Eng Rei iwwer 100 Joer al Solitairen, déi d’Landwirtschaft zerstéiert.
Tëschent Guedber an Hiefenech: Eng Rei iwwer 100 Joer al Solitairen, déi d’Landwirtschaft zerstéiert.
© Monique Kater

Dës Beem an hir Wuerzelen – hei sinn et virun allem Bichen - sinn der hautdesdaags zimmlech aggressiver Landwirtschaft ausgeliwwert a ginn duerch d'Gesetz vun 2018 net genuch geschützt.

D'Monique Kater am Gespréich mat engem Mann, deem dës wäertvoll Zäitzeie ganz speziell um Häerz leien.

De Bib Leer ass Bamdokter - esou verwuerzelt mam Buedem, ewéi déi, fir déi e schwätzt – eng Rei Solitairen ouni Lobby, well se net laanscht eng Nationale stinn, mee laanscht e Feldwee, well si net gewéinlechen Autoen an de Féiss stinn, mee Trakteren an dem Plou, deen se zéien.

5 Bichen an 1 Eech sinn dat hei – op där enger Säit ass et de Feldwee, dee se stresst, mee op där anerer ginn et direkt e puer Feinden: Chimie, Trakteren, Motorseeën, d'Landwirtschaft tout court.

Déi Beem stenge net einfach esou do, se verbannen een Deel Bësch mam aneren, suerge fir Schied a Loftfiichtegkeet am Summer, a bidden de Vullen eng Méiglechkeet ze parken an ze bréien a se stinn do fir d'Séil, d'Séil vun deem, dee laanscht spadséiert.

Iwwer 80 Joer al Beem gi krank, e Pilz ass d'Resultat,  ëmmer méi rare, an e Gesetz vun 2018 soll no deene kucken, mee – d'Suerg ass net aus der Welt.

Hei gëtt geplout, ouni dass et engem direkt opfält, an hei – e Stéck méi wäit zu Guedber, steet gemengerhand en Trapp Kéi oder Päerd, wéi wa se eis op den Zéiwe stengen, a mir net méi kënnen eppes iessen oder drénke goen.

Zënter 30 Joer géif hie beobachten, dass déi sougenannt "remarkabel Beem" lues mee sécher verschwannen. Et feelt u méi strenge Mesuren, u méi Sensibiliséierung vläicht op Säite vun der Politik, mee op alle Fall och vis-à-vis vun de Baueren.

Back to Top
CIM LOGO