CGDISE Feier zu Bierden an en Accident an der Stad

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt véier Asätz vum Dënschdeg den Owend.
Zu Bierden huet de 24. Mäerz 2026 en Haus gebrannt.
Zu Bierden huet de 24. Mäerz 2026 en Haus gebrannt.
© Mobile Reporter

Zu Bierden huet en Dënschdeg am fréien Owend den Daach vun engem Haus gebrannt. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt. Mat Buerschent, Clierf, Angelduerf, Miersch an der Nordstad waren direkt fënnef Corpsen am Asaz. Da mellt de CGDIS nach e Vegetatiounsbrand zu Veianen an en Auto a Flame bei Biissen. Hei waren déi lokal Zenteren op der Plaz.

An zwee Blesséierter gouf et kuerz no 20 Auer an der Stad, wéi e Bus e Vëlosfuerer ze pake krut. D’Ekippen aus der Stad, vu Beetebuerg an de Samu waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO