Oxford op Plaz 1D'Uni Lëtzebuerg ass ënnert den Top 300 Universitéite weltwäit

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus dem neiste Ranking vun "Times Higher Educatioun" ervir, deen en Donneschdeg publizéiert gouf.

Am ganze ginn 1.660 Institutiounen an deem weltwäite Ranking gewäert, an d'Uni kënnt op e Ranking tëscht de Plazen 251 bis 300.

D'Uni.lu konnt beispillsweis hire Score am Beräich vun der Recherche nach emol kloer verbesseren.

Weltwäite Leader bleift d’Uni vun Oxford an England, virun den 3 US-amerikanechen Elite-Unien California Tech, Harvard an Standford.

Am Ranking vun den Unien, déi manner wéi 50 Joer al sinn, gëtt déi Lëtzebuergesch iwwerdeems op der gudder Plaz 20 gefouert.

Weider Detailer op www.uni.lu

Back to Top
CIM LOGO