D’Stad verschenkt Akafsbongen am Wäert vu 60.000 Euro u 50 Butteker, déi se u Leit weiderverdeelen, déi fir méi ewéi 50 Euro do akafen. D’Bonge kënnen dann a 70 Butteker zu Iechternach ageléist ginn.
Mat där Aktioun wëll Iechternach déi lokal Betriber nach besser ënnerstëtzen a méi Leit an d’Stad lackelen. Ëmmerhin ass dëst Joer déi traditionell Sprangprëssessioun wéinst der Corona-Pandemie ausgefall.
D’Bongen hunn e Wäert tëscht 10 a 40 Euro a kënnen eben a 70 Butteker, Restauranten oder Caféen ageléist ginn. D’Bonge kritt een am Trifolion tëscht Moies 10 an Owes hallwer 7, nodeems een de Keesenziedel gewisen huet. Dës Aktioun leeft vun haut un a nach bis e Samschden.
D’Clientë kënne sech bis den 28. Juni Zäit loossen, fir d’Bongen anzeléisen. An de Butteker kënnt dës Aktioun op alle Fall gutt un.
Mat där Initiative hofft een an Zukunft nees méi Clienten op Iechternach ze kréien.
