
Zanter dem 29. Mee kann ee Fotoen, Videoen, Erliefnistouren an Informatioune ronderëm d'Sprangprëssessioun kucke goen. Dat op de soziale Medie vun der UNESCO-Kommissioun an um Internetsite vum immaterielle Kulturierwe Lëtzebuerg: www.iki.lu.
De Kulturministère an d'lëtzebuergesch UNESCO-Kommissioun erënneren dorunner, wéi lieweg d'Kulturierwe si kann an invitéiere jiddereen dëst Joer privat Fotoen an Erënnerunge mat des Hashtagen #DigitalIKI oder #DigitalSprangprëssessioun ze deelen.
Och déi traditionell Eemaischen an d'Muttergottesoktav goufen dëst Joer schonn op eng ongewinnte Manéier digital gefeiert. Zënter 2008 goufe verschidden Evenementer op den nationalen Inventar vum UNESCO-Kulturierwen opgeholl: d’Eemaischen, d’Muttergottesoktav, d’Iechternacher Sprangprëssessioun an d’Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch. D'Sprangprëssessioun gouf 2010 als immateriellt UNESCO-Kulturierwen unerkannt.