CGDISD'Serie geet weider... nees gouf eng Persoun ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg de Moie kuerz viru 6 Auer gouf zu Esch an der rue d'Audun eng Persoun ugestouss an dobäi liicht blesséiert.

D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch hu sech ëm de Blesséierte gekëmmert.

19 Persoune bannent 1 Mount ugestouss / 1 Déidlechen Accident / 2 Cyclisten

Zu Elleng an der Route de Remich gouf en Donneschdeg de Moien ëm 7.45 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss an dobäi blesséiert.

Och zu Bartreng krut e Gefier e Foussgänger ze paken. An der Route de Longwy huet e Bus eng Persoun kuerz no 9 Auer ugestouss.

E Mëttwoch géint 17.30 Auer gouf zu Beetebuerg  e Foussgänger vun engem Auto ugestouss. D

E Mëttwoch um 7.35 Auer gouf zu Gréiwemaacher op der route du Vin eng Persoun ugestouss a liicht blesséiert.

E Méindeg den Owend goufen direkt 2 Persounen ugestouss, eng zu Rodange an eng zu Bouneweg.

D'lescht Woch e Freideg gouf zu Esch eng Persoun ugestouss, déi hir Blessuren net iwwerlieft hat.

De 4. Dezember gouf e Jugendleche blesséiert wéi en am Eecher Bierg ugestouss gouf.

Den. 3. Dezember gouf géint 20.20 Auer eng Persoun beim Glacis ugestouss.

Den 30. November gouf zu Déifferdeng an der rue Emile Mark eng Persoun ugestouss a blesséiert.

Den 29. November goufen 2 Persounen ugestouss... eng zu Käerjeng an eng zu Féiz.

De 27. November ass um Kierchbierg e Foussgänger um Boulevard Konrad Adenauer ugestouss ginn. De selwechten Dag ass zu Märel an der rue Beatrix de Bourbon e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn.

E Méindeg de 25. November gouf um Lampertsbierg och e Cyclist ugestouss, wärend der selwechter Zäit sinn zu Déifferdeng an der rue Kennedy en Auto an e Foussgänger net laanschtenee komm.

Den 20. November gouf zu Gaasperech eng Foussgängerin blesséiert, wéi se bei enger rouder Luucht wollt iwwert d'Strooss wollt goen (net op engem Zebrasträifen).

Den 12. November gouf zu Garnech an der rue des Trois Cantons e Kand vun engem Auto ugestouss.

Am Oktober hat d'Police zesumme mat der Sécurité routière an dem Mobilitéitsministère d'Campagne "Gitt siichtbar / Sidd opmierksam" lancéiert, well et an der Wanterzäit ebe méi dacks zu sou Accidenter kënnt, wou Foussgänger ugestouss ginn, well se däischter Kleedung unhunn. Am Reen oder bei soss schwierege Wiederbedingungen, erkennen d'Automobilisten d'Foussgänger net ëmmer gutt.

Dofir hei nach emol den Opruff, souwuel un d'Foussgänger, dofir ze suergen, dass ee se am Däischtere gutt erkennt (Reflektoren, hell Kleedung), an un d'Automobilisten, an dëser Joreszäit nach besser op säin Ëmfeld opzepassen a bei Zebrasträife besonnesch virsiichteg ze sinn / Vitess unzepassen.

Artikel vum Oktober 2019

Back to Top
CIM LOGO