Dat géif bedeiten, datt manner Leit krank ginn an datt manner Leit op der Intensivstatioun leien. Wat elo déi indesch Variant ugeet, do misst ee sech keng gréisser Suerge maachen. D'Impfstoffer géingen hir Wierksamkeet an der Reegel behalen, egal ob et déi indesch, déi südafrikanesch, déi brittesch oder déi brasilianesch Mutatioun ass. Bei der südafrikanescher Variant géing et eng Reduktioun vun der Wierksamkeet ginn, mä de Vaccin wär trotzdeem nach wierksam. De Problem an Indien wär och net duerch déi Mutatioun bedéngt, mä duerch ganz aner Ëmstänn, präziséiert de Spezialist fir Infektiounskrankheete vun den Hôpitaux Robert Schuman.
No-Impfen hänkt vu Faktoren of
Net esou sécher ass sech de Spezialist fir Infektiounskrankheeten, ob jidderee misst no-geimpft ginn. Dat géif vun e puer Faktoren ofhänken. Wuel géifen d'Antikierper no enger Zäit ofhuelen, wat e Rappell no engem Joer kéint no leeën. Wann een awer no den Immunzelle kuckt, déi sou genannt T-Zellen, da wär esou e Rappell éischter no 10 Joer néideg. Sollte Varianten optrieden, wou de Schutz net wierkt, misst natierlech no-geimpft ginn. Och bei Risikogruppen, wou de Schutz souwisou net esou gutt wierkt, wär eng Opfrëschung sënnvoll.
No Covid geet warscheinlech eng Impfung duer
Fir Leit, déi de Covid schonn haten, ginn et zwou gutt Nouvellen. Éischtens huet een d'Krankheet gutt iwwerstanen an den Organismus ass gutt domat fäerdeg ginn an zweetens hätt een elo eng gewëssen Immunitéit. Et wär trotzdeem nach ganz sënnvoll, fir sech impfen ze loossen. Dat well et dacks nëmme liicht Krankheetsverleef waren an do wär d'Immunitéit ganz variabel. Wann een do nach eng Kéier géif noimpfen, da géif eng ganz staark Immunitéit entstoen, esouguer méi staark wéi bei engem, dee kee Covid hat. Ob zwou Dosissen néideg sinn, dat géif jo och dovun ofhänken, wat an deem neien europäeschen Impfpass verlaangt ass. An der Reegel awer géif no enger Coviderkrankung eng Impfdosis duergoen.
Kanner impfe muss sécher sinn
Kanner impfen, do wär et wichteg, datt ee sécher ass, datt de Vaccin keng Risike fir Kanner huet. De Covid wär fir Kanner och net esou geféierlech wéi aner Krankheete géint déi Kanner geimpft ginn. Zum Beispill kéinte Kanner bei schwéiere Verleef vun Diphtherie erstécken oder wa Kanner d'Kinderlähmung géingen iwwerliewen, da wäre se fir e Liewe laang markéiert. An Tetanus géing souwisou meeschtens déidlech verlafen. Dat wär beim Covid awer net de Fall. Och wann ee géing wëssen, dass et och beim Covid schwéier Verleef géinge gi mat Komplikatiounen an esouguer och scho Kanner doru gestuerwe wieren, wär et an der Reegel awer esou, dass d'Krankheet gutt géing verlafen. Deemno misst d'Sécherheet vum Impfstoff ganz grouss sinn. RNA-Impfstoffer hätten hei och dee beschte Risikoprofil. Bei Pfizer wär vun Ufank u virgesinn, vu 16 Joer un ze impfen. Ob elo vu 16 oder vun 12 Joer un impfen, géif kee groussen Ënnerscheed maachen. Bei deene ganz Klenge kéinte jo och schonn zu Lëtzebuerg schwanger Fraen a Fraen, déi stëllen, mat RNA-Impfstoffer geimpft ginn. Dat heescht och, kleng Kanner vu 6 Méint un impfen, wär machbar.
Eng Pëll géint de Virus
Mëttlerweil wär d'Wëssen iwwer d'Behandlung vum Covid méi grouss wéi nach virun engem Joer. Fir schwéier Fäll, wou d'Patienten och Sauerstoff brauchen, géing fir d'éischt den Dexamethason, e Kortison-Derivat agesat ginn. Et wär bewisen, dass dat de Verlaf gënschteg kéint beaflossen. Wann dat net géing duergoen, da kéint een den Dexamethason kombinéiere mat engem immun-modulatoresche Präparat, wat eng zousätzlech Verbesserung bréngt, bei engem gewëssene Prozentsaz vun de Fäll. Da kéint een och nach Antikierper ginn, also Infusioun, als Baxter oder als Injektioun, sou den Dr. Schockmel. Den Donald Trump hat genee sou ee Cocktail vun der Firma Regeneron mat 2 verschiddenen Antikierper kritt. Regeneron géing mat der europäescher Firma Roche zesummeschaffen. Et wär drop an drun, dass dëse Cocktail och elo an Europa géing zougelooss ginn, sou den Dr. Schockmel. Dëse Cocktail wär och virun allem am Ufank interessant, déi éischt 10 Deeg, wann ee positiv getest gouf. Well dëse Cocktail awer relativ deier ass, kéint et sinn, dass e limitéiert gëtt fir Leit, déi ee relativ héije Risiko hunn, eng schwéier Komplikatioun ze maachen, sou de Spezialist fir Infektiounskrankheeten. Eng aner interessant Pist am Ufank vun enger Infektioun wieren déi Kortison-Inhalatore mat deenen een de Kortison anotemt. Dat hätt elo eng Etüd vun der Uni Oxford gewisen. An et géing een hoffen, dass een änlech wéi beim HIV iergendwann géing Tablette kréien, mat deenen een d'Replikatioun vum Virus kéint hemmen.