Déi immersiv Expo “Ghosts of the Villa” an der Villa Louvigny iwwer d’Geschicht vu Radio Luxembourg ass scho komplett ausgebucht. Wat ass d’Haaptiddi hannert dëser Ausstellung? Firwat ass Radio Luxembourg esou eng wichteg Referenz an der europäescher Mediegeschicht? A wat fir eng Roll huet de Grand-Duché beim Succès gespillt?
Dat froe mer d’Dokter Dominique Santana vum Zentrum fir zäitgenëssesch an digital Geschicht (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg. Si leet dësen transmediale Projet an ass de Moie kuerz no 8 eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.