InflatiounD'Präisser hunn am September liicht noginn

RTL Lëtzebuerg
Dat läit virun allem dodrunner, datt um Enn vun der Vakanz d'Pauschalreesen gutt 6% méi bëlleg gi sinn an d'Fligertickete souguer méi ewéi 24%.

Och d'Pëtrolsproduite ware liicht manner deier. Den Heizungsmasutt huet staark noginn, op den Tankstelle huet dogéint bësse méi misste bezuelt ginn.

Den annuellen Inflatiounstaux klëmmt allerdéngs liicht op elo 0,7%. Am August louch deen nach bei 0,6%. Déi Zuelen huet de Statec matgedeelt.

© Statec

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO