Arnaque via SMS a MailD'Post warnt viru Bedruch

RTL Lëtzebuerg
Zanter e puer Deeg scho géife komesch Messagen am Numm vun der Post verschéckt ginn, heescht et op de sozialen Netzwierker.

D'Post hätt awer näischt mat deene Messagen ze dinn. Hei wéilten Onéierlecher d'Clientë beducksen an un hir Donnéeë kommen.

Wann een esou eng SMS oder e Mail kritt, da soll een Oppassen. D'Leit sollen net op de Link klicken an op kee Fall perséinlech Donnéeën aginn. Weider ass et den Appell, datt d'Post d'Clienten ni no perséinlechen Daten iwwer Email oder SMS freet.

Back to Top
CIM LOGO