Stad LëtzebuergD'Police huet 2 Gefierer vun alkoholiséierte Chauffere saiséiert

RTL Lëtzebuerg
A Clausen an op der Gare goufen 2 Automobiliste vun der Police gestoppt, déi ënner Alkoholafloss gefuer sinn.

Kuerz no 1 Auer an der Nuecht ass enger Patrull e Gefier a Clausen opgefall, dat zimmlech lues am Zickzack ënnerwee war. Bei engem Alkoholtest koum eraus, dass de Chauffer gedronk hat. D'Resultat ass positiv ausgefall. Doropshi gouf den Auto saiséiert. De Mann war de Permis nach op der Plaz lass.

Eng weider Kéier hunn d'Beamten op der Gare géint 18 Auer missen intervenéieren. En Automobilist huet hei e Verkéiersschëld ignoréiert an ass ofgebéit, obwuel et verbuede war. Wéi sech erausgestallt huet, huet sech de Mann alkoholiséiert hannert d'Steier gesat, mat Fuerverbuet. Donieft hat hien och keng gëlteg Pabeiere vum Auto dobäi. Et gouf e Protokoll geschriwwen an den Auto gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO