
Den Dan D'Aversa huet grouss Deeler vu senger Carrière bei RTL Lëtzebuerg an RTL Group geschafft. Iwwer 22 Joer war hie Radio- an Télésreporter. Den Dan D'Aversa huet och derzou bäigedroen, RTL.lu opzebauen.
Duerno war hie responsabel fir d'Digitalisatioun vu Radioinhalter bannent RTL Group a fir e Projet fir een engleschsproochege Radiosprogramm.
Ufank September hat hien eng Plaz als Head of Corporate Communication vun der BIL ugetrueden.
Senger Famill a sengem Entourage eist häerzlecht Bäileed.