Cargo CenterDouane saiséiert iwwer 250 Kilogramm Cannabis am Wäert vu ronn 1,5 Milliounen Euro

RTL Lëtzebuerg
An engem Communiqué vun e Freideg de Moie mellt de Parquet eng gréisser Drogesaisie vun uganks Mäerz.
© AFP Symbolbild

Scho lescht Woch hat de Parquet jo eng Drogesaisie vun 123 Kilogramm vun uganks Mäerz gemellt, elo gouf nach eng weider vum 6. Mäerz bekannt gemaach. Deemno wier eng Liwwerung aus den USA, där hiren Inhalt als Bueddicher deklaréiert war, vun den Douaniere kontrolléiert ginn. An de Päck hunn d’Beamten eng Quantitéit vun insgesamt 253,77 Kilogramm Cannabis fonnt, där hire Wäert bei ronn 1,5 Milliounen Euro leie soll.

De Parquet weist a sengem Schreiwes drop hin, datt et net méiglech war, éischter iwwer dës Decouverte ze kommunizéieren, ouni awer déi genee Grënn ze nennen. Den Dossier gëtt elo analyséiert, ier iwwer weider Suitten an der Enquête entscheet gëtt.

Wéi scho bei der Cannabis-Decouverte, déi lescht Woch matgedeelt gouf, war och dës Liwwerung aus den USA um Wee a Frankräich gewiescht. 123 Kilogramm waren hei saiséiert ginn, d’Charge war als “Deko-Këssen” deklaréiert.

Liest dozou och dësen Artikel:

Back to Top
CIM LOGO