CNSDokteren an Zänndokteren aus de Lignes de garde ginn e Méindeg bezuelt

RTL Lëtzebuerg
708 Dokteren an Zänndokteren, déi an de leschte Wochen a verschiddene Lignes de garde ageschriwwe waren, sollen e Méindeg am Laf vum Dag bezuelt ginn.

Dat schreift d'Gesondheetskeess e Samschdeg an engem Schreiwes matdeelt, handelt et sech ëm ee Montant vun am Ganzen 13,4 Milliounen Euro. Et géif sech hei ëm de garantéierte Minimum vun 80 Stonnen, also 40 Stonnen de Mount handelen, déi d'Dokteren zegutt hätten, esou d'CNS.

Concernéiert sinn d'Medezinner vun de Linnen 1, 2, 3 a 4 - dat heescht, déi an de Centres de soins avancés geschafft hunn, déi Net-Corona-Patienten doheem oder per Teleconsultatioun betreit hunn, déi an de Fleegeheemer am Asaz waren an déi d'Zänn-medezinesch Urgencen assuréiert hunn.
E Freideg hätt d'Gesondheetskeess och d'Relevéeë kritt vun der Ligne 5, also den Dokteren déi an de Spideeler am Asaz waren. Dës géifen e Méindeg vun der CNS gekuckt ginn an d'Doktere géifen dann am Laf vun der Woch bezuelt ginn.

Hei geet et ëm déi Suen, déi alleguer d'Dokteren ze gutt hunn, Ajustementer no uewen duerch déi effektiv geschaffte Stonne kéimen no.

D’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD hat viru Kuerzem reklaméiert, well d’Medezinner nach net bezuelt goufe fir hiren Asaz wärend der Corona-Kris.

RTL-NEWS: AMMD mécht Reprochen un d‘CNS

Schreiwes vun der CNS

La CNS souhaite informer que le nombre minimum garanti de 80 heures à payer aux médecins certifiés comme valablement inscrits dans les lignes  1, 2 et 3 et à payer aux médecins-dentiste certifiés comme valablement inscrits dans la ligne 4 a été transmis sous forme de relevés certifiés à la CNS à la date de hier. Les 708 médecins et médecins-dentistes inscrits sur ces relevés seront payés au courant de la journée de lundi pour un montant total de € 13,4 millions.

Les relevés des médecins hospitaliers de la ligne 5 ont été reçu hier en fin de journée. Ces relevés seront traités par la CNS au courant de la journée de lundi et les médecins seront payés au courant de la semaine prochaine.

Ces premiers paiements correspondent au minimum qui avait été garanti sur la base de 40 heures mensuelles, et représentent donc 80 heures pour la période de la crise. Les ajustements nécessaires à la hausse, en fonction des heures réellement prestées, seront réalisés selon les décomptes finaux dès transmission.

PDF: Bréif un de Coordinateur national pour le paiement des médecins

Back to Top
CIM LOGO