RTL-InformatiounenD'Martine Lamesch demissionéiert aus dem Staatsrot

Fanny Kinsch
Roy Grotz
D'Martine Lamesch war als onofhängeg Conseillère 2018 vum Grand-Duc an de Staatsrot nominéiert ginn.
© RTL Archivbild

Dës RTL-Informatioune wollt d'demissionär Conseillère net kommentéieren an och net op d'Grënn agoen, firwat si no nëmmen esou kuerzer Zäit deen héije Gremium op den 31. Dezember verléisst.

Martine Lamesch demissionéiert aus Staatsrot / Fanny Kinsch

Et ass lo de facto um Tour vun der CSV, fir e neien Member fir de Staatsrot ze nominéieren.

Nieft dem Mandat vun der Martine Lamesch, leeft och d'Mandat vum Marc Schaeffer an engem Mount of a muss deemno ersat ginn.

Wéi de President vum Staatsrot Christophe Schiltz eis op Nofro hi präziséiert huet, ass et prozedural gesinn um Staatsrot an dann un der Regierung, fir en neie Member ze designéieren. De Staatsrot definéiert elo Profiller, déi gesicht ginn an déi dann ausgeschriwwen, respektiv der Regierung virgeluecht ginn.

D'Successioun vum Marc Schaeffer wäert a priori duerch d'LSAP ersat ginn, iwwerdeems et fir d'Nofolleg vun der Martine Lamesch wéi gesot, wuel un der CSV ass, fir den Equiliber tëschent de Parteien, sou wéi se an der Chamber vertruede sinn, ze respektéieren. Nieft der Representatioun vun de Parteien, gesäit d'Gesetz iwwert de Fonctionnement vum Staatsrot och vir, datt Fraen a Männer vertruede sinn, mat op d'mannst 7 Membere vum ënnerrepresentéierte Geschlecht.

D'Stater Affekotin Martine Lamesch war am Mee 2018 an de Staatsrot genannt ginn, wou si d'Sam Tanson ersat huet, déi deemools an d'Chamber nogeréckelt war, fir de Claude Adam z'ersetzen. Dëser Nominatioun war eng ganz Polemik virausgaangen, well déi Gréng u sech d'Affekotin Joëlle Christen fir de vakante Posten am Conseil d'Etat genannt haten, mee Si war intern net gewielt ginn. Déi Gréng hate sech deemools schockéiert gewisen a vun engem reegelrechten Desaveu geschwat, grad wéi vun engem seriöen demokratesche Problem.

En Dënschdeg gouf iwwerdeems och d'nei Conseillère Josiane Pauly verdeedegt. D'Notaire sëtzt fir déi Gréng am Staatsrot an ersetzt de Georges Wivenes.

RTL-NEWS: Causa Lamesch - Staatsrot äntwert an argumentéiert schrëftlech op Bréif vun déi Gréng
RTL-NEWS: No Causa Lamesch - Staatsrot reforméieren?

Back to Top
CIM LOGO