Eng onbeschwéiert Kandheet hunn, wou een zesumme mat de Kolleegen ouni Masken an ouni op Distanz ze sinn, spille kann, wou een ouni Angscht ze hunn, bei d'Bomi an de Bopi goe kann a wou een all méiglech Hobbye ka nogoen, ouni ze fäerten, dass een dat an e puer Deeg nees net méi dierf, déi gëtt et den Ament net méi.
Kanner kéinte sech zwar séier adaptéieren, ma an awer huet dës Kris Repercussiounen op déi Klengst an eiser Gesellschaft. Mir ware virun der Vakanz de Bols bei déi Kleng fillen, hu se gefrot, wat hinnen am meeschte feelt an op wat si sech an Zukunft freeën an hunn an engems mat Experten aus dem Secteur geschwat, fir erauszefannen, wéi betraff eis Kanner wierklech sinn.
Elo sinn d’Schoulen nees zou an och an hirer Fräizäit, ob Sport, Musek oder soss aner Aktivitéiten, si rëm all ofgesot ginn. Dat hëlt deene meeschte Kanner d’Struktur aus dem Alldag an déi wier sou wichteg soen d’Kannerdokteren. Wa se an d’Schoul ginn, hätte si e gereegelten Alldag, wou se aner sozial Kontakter ausserhalb vun Doheem hunn, a grad déi wiere wichteg fir d’Entwécklung vum Kand.
Ob si dës Pandemie elo iwwer länger Zäit wäert schiedegen, misst een nach ofwaarden. Ma déi Kleng selwer freeë sech awer elo schonn drop, wann nees iergendwann alles normal ka sinn.