Ganz sécher hätt d'Politik e gesonden Undeel un de schlechte PISA-Resultater. Sécher och zu engem Deel de Minister, deen zanter méi wéi enger Dose Joren am Amt ass. Dat sot déi gréng Deputéiert Djuna Bernard e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.
E Mëttwoch de Moie waren déi schlecht PISA-Resultater Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Méi schlecht Pisa-Resultater sinn awer och méi e globale Phänomen. Fir Lëtzebuerg spezifesch ass d'Bildungsongerechtegkeet. De Lëtzebuerger Schoulsystem ass nach ëmmer ee vun den ongerechtste vun der Welt. Kanner mat finanziell méi schwaachem Hannergrond géifen nach ëmmer méi schlecht ofschneiden. Dat hätt den Educatiounsminister Claude Meisch, Zitat, "luppe" gelooss, fënnt déi gréng Deputéiert.
Et wär net esou, datt näischt geschitt wier, dat géif si net behaapten. Zum Beispill eng gratis Kannerbetreiung oder eng Fréifërderung. Et wär an deem Sënn gutt, wann de Precoce géif evaluéiert ginn, fir ze kucken, wat dat bruecht hätt.
Lacunne misste fréi erkannt ginn, zum Beispill Sproochdefiziter. Eng gezillten Nohëllef wär och néideg, net just d'Hausaufgabenhëllef, déi et elo an der Grondschoul gëtt. Déi Gréng wéilten déi Jonk och méi laang an der Schoul zesummenhalen a méi spéit am Lycée eréischt trennen.
Eng vun de grousse Schwächte bei PISA ass d'Lieskompetenz. Et gëtt ëmmer manner gelies, net nëmme bei de Jonken. Déi Erwuessen dierft een hei net aus der Verantwortung huelen, betount d'Djuna Bernard. Mir wéissten awer ëmmerhi wéi et anescht geet. D'Fro wär, wéi kréie mer d'Liesen nees bei déi Jonk. D'Kanner kréien et och vun den Eltere virgelieft. Den Accès zum Buch misst dowéinst vereinfacht ginn, och mat gratis Bicher. An der Schoul missten de Programm an d'Bicher dem Alter an den Interessie vun de Jonken ugepasst ginn.
Méi streng Handyreegelen an der Schoul, keen Handy an den éischten 3 Joer am Lycée, sou wéi de Minister et elo plangt, wier e richtege Reflex, mengt déi gréng Oppositiounspolitikerin. Et géif awer un engem pedagogesche Konzept feelen. Op der enger Säit géif mat iPaden an der Schoul geschafft ginn, d'Schoul wär domat "iwwerschwemmt" ginn. Den Handy gëtt do awer verbueden, dat wier net ëmmer ganz nozevollzéien.
Och e Social-Media-Verbuet bis zu engem gewëssen Alter wier gutt. Wichteg wier awer, datt parallel och geféierlech Algorithmen am allgemenge limitéiert ginn. Déi géife jo net nëmmen deene Jonke schueden.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.