
D'Chambersessioun 2019/2020 stoung zu engem groussen Deel am Zeeche vum Covid-19 a vu sengen Auswierkungen, d'Parlament ass dowéinst souguer an de Cercle geplënnert: Dorop huet de Fernand Etgen e Méindeg am Nomëtten am RTL-Interview higewisen, wéi de Chamberpresident op dat lescht Sëtzungsjoer zréck- an op dat nächst, dat en Dënschdeg ufänkt, no vir gekuckt huet. D'Parlament wär awer gestäerkt aus där Krisenzäit ervirgaangen, well et gefuerdert war, wéi nach ni virdrun, ma jidderee sech senger Responsabilitéit bewosst war...
D'Chamber hätt nach ni sou séier geschafft a sou gutt Hand an Hand mat z.B. dem Staatsrot geschafft, soudass ee festhale kéint, dass d'Rieder tëscht den Institutiounen intensiv a gutt gedréint hätten. Donieft wären am Noutstand de Büro an d'Conférence des Présidents, déi wichtegst Gremie vum Parlament, eemol d'Woch mat der Regierung zesumme komm.
Wat d'Defie fir déi nei Sessioun ugeet, dierft de Covid-19 a säin Impakt op eng ganz Rëtsch Politikfelder d'Aktualitéit weider dominéieren, mengt de Fernand Etgen. Wënscht sech de Chamberpresident dann net awer sou lues eng gewëss Normalitéit zréck?
En Dënschdeg de Mëtten um hallwer 3 fänkt dann d'Sëtzungsjoer 20/21 un, mat v.a. der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel.