D'Donnéeë vun 32 Wiederstatiounen am Land goufen ausgewäert.
D'Temperature waren an der Moyenne bal 1 Grad ze waarm. Zu Steesel gouf am Juli eng nei Rekordtemperatur vu 40,8 Grad gemooss an zu Réimech am Februar 23,9 Grad.

Verglach ginn d'Duerchschnëttswäerter aus der Referenzperiod 1981 bis 2010. Als representativ Statioune goufen d'Miessunge vun Aasselbuer, Kënzeg, Réimech an der Stad geholl.
An der Haaptstad louch ee mat Ausnam vun de Méint Januar, Mee an November kloer iwwert dem Duerchschnëtt.
Besonnesch am Mee war et däitlech ze kal. Als lokal Anomalie gëtt Aasselbuer genannt mat bis zu Minus 2,3 Grad. Déi Minus-Temperaturen haten dee Mount fir ellen Aboussen am Wäin- an Uebstbau gefouert. Och soss steet Aasselbuer fir d'Joer 2019 als besonnesch do.
Am Februar war et do am Schnëtt 3,5 Grad ze waarm, am Juni waren et ëmmerhin nach 2,7 Grad ze vill.
De 25. Juli war dee wäermsten Dag vum leschte Joer mat iwwer 35 Grad. Den absolutte Rekord gouf et deen Dag zu Steesel mat bal 41 Grad. Am Wanter war de Rekord zu Réimech mat ronn 24 Grad am Februar. Dat ware 7 Grad iwwert dem lokale Rekord aus dem Joer 1990.
Duerch déi héich Temperature koum et zejoert zu labille Loftmassen, mat am Südweste vum Land engem Tornado vun der Katgorie F2 mam traumatesche Bilan, dee mir kennen, besonnesch zu Péiteng an Nidderkäerjeng.

Virun allem am Wäibau a beim Uebst goufen et deels grouss Aboussen. An der Landwirtschaft huet virun allem d'Fudderproduktioun op de Wisen a Weide gelidden, grad ewéi de Maisubau.
Wat den Néierschlag ugeet, do ass d'Land zweegedeelt. Am Norden huet et ze mann gereent, am Süden dogéint gouf et en Iwwerschoss. Am meeschten Defizit gouf et zu Ueschdref mat -136mm, wärend et zu Käerch en Iwwerschoss vun 62mm gouf.
