
Wéi et weider vun enger Quell vun eise Kolleege vun RTL-Today heescht, wier de Robert Ziegler nach op der Bün reaniméiert ginn.
De Concert "Taxi Driver" gouf doropshin direkt annuléiert, eng Ambulanz wier ronn 10 Minutten nom Virfall an der Philharmonie ukomm, sou nach eise Kontakt.
Eisen Informatioune no géif et dem Robert Ziegler den Ëmstänn entspriechend gutt goen an dass e sech mëttlerweil nees erholl hätt.