
Elo goufen d'Resultater vun der Konjunkturenquête, déi zweet fir dëst Joer, publizéiert. Alles an allem geet de Statec fir dëst Joer vun engem Wuesstem vum PIB vu 6% a vun 3,5% fir d'nächst Joer aus.
D'Entwécklung am Handwierkssecteur gëtt awer duerch verschidde Facteure gebremst. Elo wou d'Aktivitéiten nees ugezu sinn, géif een nees besonnesch mierken, wéi vill qualifizéiert Mataarbechter feelen.
Ee Véierel vun de Betriber huet an der Enquête uginn, datt de Manktem vu Main-d'oeuvre hir Aktivitéit bremst. Dee Prozentsaz ass an den éischten dräi Méint vum Joer ëm 6 Punkte eropgaangen. Besonnesch betraff ass ënnert anerem de Bausecteur.
Da bleiwe grouss Liwwerproblemer bei de Matière premièreën, deenen hir Präisser doduerch och explodéiert sinn.
63% vun de Bauentreprise soen, si wiere betraff. De Gros seet, duerch d'Präisshausse géifen haaptsächlech hir Margen erofgoen an net de Präis fir de Client klammen.