AgriMeteoD'Fréijoer 2021 war an der Moyenne 2,2 Grad méi kal

RTL Lëtzebuerg
De Mäerz war am Verglach zu anere Jore relativ waarm, eng nei Rekordtemperatur gouf zu Kënzeg gemooss. Den Abrëll dogéint war kal an dréchen.
© ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

Et war e kaalt Fréijoer 2021. Wéi den nationale meteorologesche Service vum Landwirtschaftsministère mellt, gouf et dëst Joer e Minus vun 2,2 Grad an der Moyenne am ganze Land. D'Analyse vun AgriMeteo gounge vum 1. Mäerz bis den 31. Mee.

© ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural
© ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

Am Norde vum Land huet et net genuch gereent, am Süden allerdéngs ze vill.

© ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

Op déi eenzel Méint gekuckt, konnt festgestallt ginn, dass de Mäerz zimmlech variabel war. Den 31. Mäerz gouf zu Kënzeg eng nei Rekordtemperatur vu 25,4 Grad gemooss. Sou waarm war et nach ni am drëtte Mount vum Joer. Den Abrëll war ze kal an ze dréchen. Am Verglach zu de Jore virdru war de Mee ze kal an ze fiicht.

© ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

Wéinst de kalen Temperaturen huet d'Vegetatioun mat Verspéidung ugefaange mat bléien. Bei de landwirtschaftlech Kulture wier een dogéint zefridden. De spéide Frascht huet awer fir Schued an de Wéngerten an an de Bongerte gesuergt. Dës Schied variéieren awer vu Plaz zu Plaz.

PDF: De ganze Communiqué fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO