Dës Biller vum Héichwaasser wäerten déi Steenemer sou séier net méi aus hire Käpp kréien. Dat gëllt och fir d'Famill Abella aus der Duerfstrooss. Bis 1 Meter 40 héich stoung d'Waasser an hirem Haus an deem si zanter 17 Joer liewen.
Esou eng Katastroph ewéi dëse Summer ass der Famill bis dohinner aspuert bliwwen. Dës Naturkatastroph ass geschwënn 2 Méint hir. D'Famill Abella plënnert dëse Weekend fir d'3.Kéier an eng aner Wunneng. Nach ëmmer nëmme provisoresch.
No elo 7 Woche weess d'Famill nach ëmmer net wéi vill Sue si vun der Assurancëgesellschaft kritt. Den Expert, deen de Schued schätze soll, hätt säi Rapport nach net ofgeschloss.
D'Famill Abella wär frou, wann et op hirem Schantje geschwë géif weidergoen.
An eise Reportage dréit éischt Friichten.
D'Bâloise - déi concernéiert Assurancëgesellschaft huet op eis Nofro hin och mëttlerweil reagéiert. Zesumme mam Expert hu si en nächsten Dënschdeg 7. September Rendez-vous bei der Famill Abella doheem, fir Neel mat Käpp ze maachen.