
Bei der Method vum Schock-Uruff ginn d’Affer emotional esou manipuléiert, ënner Stress gesat an erpresst, datt se mengen, si missten effektiv Sue bezuelen, fir zum Beispill engem Familljemember ze hëllefen.
D’Police informéiert a sensibiliséiert besonnesch eeler Persounen op d’Bedruchsmasch vun de Schock-Apellen. Déi lescht Campagne war mat “Léif Boma, léiwe Bopa, loosst iech net beducksen” iwwerschriwwen.
Dëst äntwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic.