Manner Reen am WanterDëse Summer méi verstänneg mam Drénkwaasser ëmgoen

Maxime Gillen
Et reent emol méi, emol manner. An och wann eis dat net ëmmer gefält, ass de Reen awer wichteg fir eis Grondwaasserreserven opzefëllen.

Grondwaasserreserven / Reportage vum Maxime Gillen

Dëse Wanter huet et wuel genuch gereent, ma déi lescht Jore wier dat net ëmmer de Fall gewiescht. Dat erklären d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an d'Inneministesch Taina Bofferding an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vu den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas. Deemno misst ee grad dëse Summer verstänneg mam Drénkwaasser ëmgoen.

Den Abrëll dëst Joer war ongewinnt dréchen. Et huet ganzer 66 Prozent manner gereent wéi d'Moyenne. Verglach gëtt mat der Moyenne aus den 30 Joer tëscht 1981 an 2010.

Dofir huet et am Februar iwwerduerchschnëttlech vill gereent. Méi ewéi duebel esou vill.

Wéi vill et reent, wierkt sech natierlech och op d'Flëss aus. Am Februar a Mäerz waren d'Peegelen hei ganz héich, an zum Deel koum et och zu Iwwerschwemmungen. Am Januar dogéint hat et net vill gereent. Entspriechend wéineg Waasser war deemno an de Flëss. Besonnesch am Norde wieren dat am Schnëtt 60 Prozent manner Waasser gewiescht.

An der Reegel wieren déi lescht 18 Joer tëscht August an Oktober am mannste Waasser an de Flëss gewiescht, präziséieren d'Ministeschen Dieschbourg a Bofferding.

Wéi héich de Stauséi, also déi gréissten Drénkwaasserreserv hei am Land ass, ass kloer festgeluecht. De Summer iwwer, wou muss assuréiert sinn, dass genuch Drénkwaasser do ass, läit de Peegelstand bei maximal 320 Meter iwwert dem Mieresspigel. Am Wanter ass dat manner, fir Iwwerschwemmungen z'evitéieren.

Zanter Hierscht 2019 géif den Niveau vum Séi ëmmer weider an d'Luucht goen. Vu gutt 314 op knapp 319 Enn Abrëll.

D'Grondwaasser géif an der Haaptsaach duerch de Reen am Wanter opgefëllt ginn. An de leschte Wanter hätt et dofir och genuch gereent. Ma dat Waasser brauch awer tëscht 6 Méint an engem Joer bis et am Grondwaasser ukënnt.

A well de Wanter 2016 extrem dréche war an och déi Wanteren duerno nëmme knapp iwwert der Moyenne louchen, wieren d'Grondwaasserreserven an der Lescht e bëssen erofgaangen. Dat kéint awer duerch de leschte Wanter erëm opgefaange ginn. Wann och nëmmen zum Deel. Allgemeng géing een dann ëmmer nach eng 10 bis 20 Prozent ënnert der Laangzäitmoyenne leien.

Allgemeng misst een deemno responsabel a verstänneg mat de Waasserreserven ëmgoen. Grad och dëse Summer, esou den Appell vun de Ministeschen. Ëmmerhin geet een dovun aus, dass wéinst der Coronavirus-Pandemie eng ganze Partie méi Leit hire Summer wäerten heiheem verbréngen. Sollt et also en dréchene Summer ginn, kéint et zu Restriktioune beim Waasserverbrauch kommen.

PDF: Parlamentaresch Fro iwwer d'Drénkwaasserreserven

Back to Top
CIM LOGO