Tëscht dem 17. a 19. Joerhonnert gouf et zu Klierf en Déieregaart. Dësen huet de Schlasshäre gehéiert. Réi, Hirschen an ënner anerem Wëllschwäi goufen hei gehalen, gefiddert an och geschoss. Enn vum 19., Ufank vum 20. Joerhonnert hunn d'Schlasshäre sech zréckgezunn, mat hinnen ass och den Déieregaart verschwonnen. Elo soll dës Plaz awer nees fir Touristen opliewe gelooss ginn.
D'Clierfer Schlass, bis Enn vum 19. Joerhonnert war et bewunnt. D'Famill "De Berlaymont" huet um Schluss hei gelieft. Vun der Nordsäit vum Schlass hat een eng gutt Vue op den Déiere-Gaart. Ronn 20 Hektar grouss war dësen Gaart an deem vill Wëld gehale gouf.
1885 huet d'Famill De Berlaymont dunn eng Villa gebaut, e Juegdhaus aus der "Belle Epoque". 1927 hunn d'Berlaymonts Clierf de Réck gedréit. D'Iddi ass et, fir dëst Areal, den Déiere-Gaart, nees opzewäerten.
Et soll eng Touristenattraktioun ginn. De Visiteur soll sech kënnen an d'Zäit vum 17. bis 19. Joerhonnert zréckversetzen.
An dësem Déiere-Gaart gëtt et och eng Kapell. 1762 gouf se gebaut a 7 Joer méi spéit geweit. Et ass eng Pilgerkapell.
Den Areal vum Déiere-Gaart zu Clierf gëtt also nei amenagéiert. Bis de Summer sollen d'Aarbechten ofgeschloss sinn.