
D'Salariatskummer ass och beonrouegt, dass am Budget net op d'Hausse vun den Energiepräisser ageet. D'staatlech Hëllefe fir Stéit mat niddregem Akommes vun 200 bis maximal 400 Euro géifen d'Situatioun net entschäerfen, esou den Direkter Sylvain Hoffmann.
D'Chambre des Salariés fuerdert ënnert anerem, dass eligibel Stéit weider mat Energie versuergt ginn, och wann d'Rechnung net bezuelt ass, respektiv dass d'Energiepräisser temporär op engem raisonnabelen Niveau agefruer ginn.
Da missten déi sozial Prestatiounen all däitlech opgewäert ginn. De Revis, de Mindestloun oder nach d'Allocation de vie chère.
D'Chambre des Salariés fuerdert d'Regierung op, d'Recetten, déi aus der CO2-Steier resultéieren, integral fir sozial Mesuren ze benotzen.
D'Steierbarèmë missten onbedéngt un d'Inflatioun ugepasst ginn, betount de Sylvain Hoffmann. D'Steierlaascht klëmmt nämlech bei mëttelste Revenuen, wann d'Barèmen net ugepasst ginn. Dat misst awer Hand an Hand goe mat enger Adaptatioun vun den Steierkreditter.
