
Et wéilt een net riskéieren, dass d'Caféen a Restauranten nees missten zougemaach ginn, dofir ass et den Opruff, d'Recommandatioune vum Gesondheetsminister an d'Reegele vun de Covid-Gesetzer ze respektéieren.
Och wann den Etat de crise eriwwer wier, sou géifen awer nach d'Covid-Gesetzer gëllen.
Si erënneren dann och nach emol un d'Reegelen:
- maximal 10 Leit pro Dësch, ausser d'Leit wieren all aus engem Stot (dann däerfen et der méi sinn)
- Cliente gi just op Sëtzplazen zerwéiert
- Dëscher mussen op d'mannst 150cm ausernee stoen. Wann dat net ka respektéiert ginn, da muss z.B. eng Trennwand dotëscht stoen
- de Client muss eng Schutzmask undoen, soulaang en net beim Dësch sëtzt
- d'Personal, wat am direkte Kontakt mam Client ass, muss eng Schutzmask undoen
- Spéitstens um Hallefnuecht muss de Café/Restaurant seng Dieren zou man, et gi keng Derogatiounen.
