Ënner Covid-RestriktiounenDen Eenzele steet dëst Joer beim Ramadan am Virdergrond

RTL Lëtzebuerg
Et ass erëm d'Zäit vum Ramadan. Wärend engem Mount faaschten deemno erëm Mosleme ronderëm d'Welt tëscht Sonnenopgank a Sonnenënnergank.
© AFP (Archiv)

Scho fir déi zweete Kéier steet en ënner Covid-Restriktiounen. D'Saima Mehovic vum Centre Culturel Islamique du Nord zu Wolz erkläert, wat fir Ënnerscheeder dat mat sech bréngt.

Ramadan / Reportage Nadine Kremer

De Ramadan ass ee soziaalt Fest, wou Famill a Frënn no Sonnenënnergank vill zesummekommen. Deemno ass déi gréisst Aschränkung duerch d'Corona-Restriktiounen, dass d'Leit dozou opgeruff sinn, doheem ze bleiwen. Dëst Joer géif deemno deen Eenzele méi am Virdergrond an d'Gemeinschaft am Hannergrond stoen, seet d'Saima Mehovic vum Centre culturel islamique du Nord.

"Et gëtt am klenge Krees gefeiert, bzw d'Famillen iessen dann am klenge Krees eleng fir sech. An de Moscheeë gëtt zwar gebiet, mä mat Distanz. D'Leit bieden a ginn erëm heem. Et ass net, dass d'Leit nom Gebiet duerno zesummesëtzen, zesumme sech ënnerhalen, eppes drénken. Dat geet elo net méi."

Besonnesch fir déi méi eeler Generatioun wier et schwéier. Esou wéi si de Ramadan hiert Liewe laang ausgelieft hunn, ass et dëst Joer net méiglech.

"Mir mussen dat fir eis eleng liewen iergendwou. Mir kënnen näischt, oder net an deem Moos mat anere Leit deelen an et ass einfach een anert Gefill vun Zesummenhalt a Gemeinschaft."

Normalerweis gëtt sech a Moscheeën a Centre culturellen owes getraff, ee grousst Gebiet ofgehalen an zesumme giess. Et wier eng schéin Occasioun gewiescht, erëm ënner d'Leit ze kommen. Mä och dëst Joer ass de Ramadan am klenge Krees, wat awer net nëmmen negativ ass.

"Et deet och de Famille momentan gutt, fir sech eleng ze sinn. Net deen Drock an och ee bëssen déi Laascht ze hunn. „Ech muss elo fir aner Leit eppes preparéieren“ an „ech muss elo iergendwou mech weise goen“. Et ass ee fir seng Kanner, fir seng Famill, eventuell och fir seng Elteren do. Fir den enke Krees vun der Famill. Ech kann och doheem kachen, ech bréngen de Leit dat an dann ass et och domadder gutt."

Duerch d'Faaschte solle Mosleme sech op dat Wesentlecht konzentréieren, bescheiden an dankbar sinn. Dëst Joer maache si dat deemno nieft dem Verzicht op Iessen an Drénken och mam Verzicht op onnéideg sozial Kontakter.

Back to Top
CIM LOGO