Dir hutt d'Wuert mam Minister Claude MeischEt bleift bei Meederchers- a Jongentoiletten an et kënnt eng drëtt neutral Toilette derbäi

Annick Goerens
E Mëttwoch de Moien hate mer Iech d'Wuert iwwerlooss. Dës Kéier zu den ëmstriddenen Unisex-Toiletten.
Dir hutt d'Wuert zum Thema Unisex-Toiletten
Den Educatiounsminister Claude Meisch war live am Studio, fir op Är Froen a Remarken ze reagéieren.

Unisex-Toiletten an de Schoulen, dat war e Mëttwoch de Moien de Sujet an eiser Emissioun “Dir hutt d’Wuert”. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch war invitéiert, fir op d’Froen an d’Remarke vun den Nolauschterer ze äntweren. Direkt am Ufank huet de Claude Meisch nach eemol zouginn, dass d’Kommunikatioun net ideal war. Et bleift bei Meederchers- a Jongentoiletten an et kënnt eng drëtt neutral Toilette derbäi. D’Unisex-Toiletten, wou keng Distinctioun méi gemaach gëtt tëscht de Geschlechter, wieren just fir e Pilotprojet fir den neien Lycée Technique du Centre geduecht. Den LTC soll bis 2032 zu Gaasperech gebaut ginn. Dëse Projet wier och nach net duerch d’Chamber gaangen.

Wieren d’Suen net besser anescht investéiert?

Sollen d’Sue fir d’Toiletten net an méi Opklärung gestach ginn? Dat wollt eng Nolauschterin wëssen, déi selwer een Trans-Meedchen huet. Et wier e grousse Kampf gewiescht bis, dass hir Duechter duerft op eng Meedercherstoilette goen. Et bräicht een awer béides, seet de Minister. Et géing e Besoin gi fir en neutrale Toilette-Block an de Schoulen, fir dass een eben net esou e Kampf muss féieren. Et wier och wichteg, dass déi neutral Toilette duerno net stigmatiséiert gëtt, wou just Transgender-Schüler higinn. Et soll eng Toilette, voir e sanitären Espace sinn, wou jiddereen dierf higoen. Donieft géing een och weiderhin opklären a sensibiliséieren. An der Chamberkommissioun, wou vun Unisex-Toilette rieds war, wier och ugeschwat ginn, wat een an Zukunft an de Schoulprogrammer wéilt thematiséieren a wéi een d’Enseignante wéilt opklären a forméieren. An, wat d’Suen ugeet: et géing een hei net eppes renovéieren, mee de Lycée géing souwisou nei gebaut ginn an do géing een einfach e ganz neie Modell vun Sanitär envisagéieren. D’Zil wier och, dass doduerch manner Ënnerdréckung, manner Mobbing a manner Diskriminéierung do geschitt an, dass méi Sécherheet garantéiert ass.

Firwat decidéiert eng Minoritéit wou d’Majoritéit dierf op d’Toilette goen?

Just 0,5 bis 2 Prozent vun de Schüler wieren non-binär, géinge sech also weder als Jong, nach als Meedche gesinn. Bei 500 Schüler wieren dat der just 10. Firwat muss sech also eng Majoritéit enger Minoritéit fügen? Dës Fro gouf direkt vun e puer Nolauschterer gestallt. De Minister kéint dës Iwwerleeung verstoen, mee huet awer betount, datt et wichteg ass, d’Besuergnis vu Minoritéiten eescht ze huelen. “Jiddereen ass iergendwann och emol eng Kéier a sengem Liewen, a warscheinlech méi wéi eng Kéier, gehéiert en zu enger Minoritéit.” Fir e jonke Mënsch, deen op der Sich ass no senger Identitéit, wier dëst awer e grousse Problem, och wann et net vill Schüler betrëfft. An dofir géing een jo kee forcéieren, sech unzepassen, well et géing ee jiddwerengem de Choix loossen, ob ee wéilt op eng Meederchers, Jongen oder neutral Toilette goen.

Sécherheet an Intimitéit garantéieren

D’Situatioun vun der Sécherheet op de Lycéestoiletten ass schwiereg a kriddeleg. Dat hätt ee grad déi lescht Deeg nees gesinn. Et géing och ëmmer nees zu Gewalt a Mobbing kommen an dat wier leider an dëser Diskussioun e bëssen ënnergaangen. An der Chamberkommissioun wier net just vun neutralen Toilette geschwat ginn, mee och vu sécheren Toiletten. Déi ganz Konzeptioun vun den Toilette wier ze kuerz komm. Et wéilt een an Zukunft do, wou d’Lavaboe sinn, méi oppe Raim hunn, also transparent mat Glasbau-Steng an mat Mëllechglas no baussen. D’Entréesdieren, fir an den Toiletteblock eran, sollen och op sinn, fir wann ee laanschtgeet, dass een och héiert, wann dobannen eppes geschitt. Och dass d’Schüler wëssen, dass si kënne beobacht gi vu baussen, dass do eng gewëss Auto-Regulatioun stattfënnt. Dofir géingen awer d’Kabinne selwer an Zukunft zougemaach ginn an doduerch méi Sécherheet an Intimitéit bidden. Souguer souvill Intimitéit, dass een eigentlech d’Trennung Jongen a Meedercher, net méi bräicht, mee hie wéilt déi Diskussioun elo net méi féieren. Och punkto Urinoire wollt de Minister berouegen: “et wäert och e Pissoir an enger vun de Kabinnen op der Männertoilette sinn”.

Firwat goufen d’Proffegewerkschaften an d’Schülerkonferenz CNEL net agebonnen?

An der Chamberkommissioun wier eigentlech den Tëschebilan vum nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vun LGBTIQ+ presentéiert ginn. D’Unisex-Toilette goufen do quasi als eng Avant-première presentéiert, mee dat wier just e Pilotprojet a géing elo nach eng Kéier zesumme mat de Schoul-Partner diskutéiert ginn. Dozou gehéieren d’Direkteren, d’Gewerkschaften, d’Elteren an d’Vertrieder vun de Schüler. De Sujet géif et verdéngen, sachlech diskutéiert ze ginn. An do misst ee grad a punkto Schoul mam gudde Beispill virgoen.

De ganze Face-à-face kënnt der allzäit op alle eise Plattformen nolauschteren an nokucken.

Den Educatiounsminister Claude Meisch war live am Studio, fir op Är Froen a Remarken ze reagéieren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun, oder wéi an dësem Fall dem “Dir hutt d’Wuert”, all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO