
Zu Pärel an der Bahnhofstraße koum et den Dënschdeg de Moien zu engem Brand. "CIS Réimech" an "CPEL Dräi-Länner-Eck" ware sur place, fir d'Feier an der Wunneng ze läschen. Et ass kee verwonnt ginn.
Mëttes ass et zu Fëlschdref an der Dräikantonstrooss an zu Fréiseng an der Lëtzebuergerstrooss zu engem Verkéiersaccident komm. Dobäi gouf keng Persoun blesséiert.
E Motorradsfuerer ass kuerz no 15.00 Auer an der Fiels Richtung Hiefenech gefall. Dobäi huet de Chauffer Blessuren dovugedroen.