Lues a lues friesse sech déi schwéier Maschinnen duerch d’Bëtongs-Strukturen. Kritesch Stëmme soen, nach e Schantje méi.
Ugefaangen huet alles 1963 mam Bau vum Pont Grand-Duchesse Charlotte, der Rouder Bréck. Nodeem d’Regierung an de Fofzeger Joren decidéiert hat, de Kierchbierg z’urbaniséieren. Als éischt entsteet ronderëm d’Héichhaus, den Europäesche Quartier. Am Laf vun der Zäit gouf dunn och um ieweschten Deel, laanscht d’Autobunn fir op de Findel, gebaut. Mat de Foires-Halen oder och der Euromotor.
An engem Interview aus dem RTL-Archiv geet de Stack-Kierchbierger Jos Nickels op eng, wéi hie selwer seet, uerg Zäit an. Wou Familljen 1961 enteegent goufen.
Ugangs den Nonzeger Jore gouf de Sëtz vun der Banque Générale uewenaus gebaut. D’Gebai, wat un d’un d’Festungs-Architektur erënnert, gouf vum Architekt Pierre Bohler, an dem Innenarchitekt Jim Clemes entworf. De grousse Gaart, deen iwwregens erhale bleift, gouf vum belsche Landschafts-Architekt Jacques Wirtz ugeluecht.
Ronderëm ass de Kierchbierg weider gewuess. Méi grouss, méi héich. Bis 2029 soll do, wou de Kronos stoung, den neie Sëtz vun der KPMG entstoen. 31.000 Meter Carré fir 1.800 Mataarbechter. Weider 24.600 Meter Carré u Bürosfläch solle verlount ginn. E Gebai, wat dann och, en neie Meilestee soll ginn. Mat enger droender Struktur aus Holz.