
Dat vum Aloyse Weirich geet bis de 17. Dezember 2024; am Ministerrot vum leschte Mëttwoch war d'Nominatioun vum pensionéierten Dikrecher Procureur d'État op dee Posten decidéiert ginn.
Weider Membere vum Ethikcomité, deen d'lescht Woch eréischt en Avis an der Affär vun der Ministesch Corinne Cahen hirer Email un de Stater Geschäftsverband ofginn hat, sinn d'Ex-Politikerinne Colette Flesch a Marie-Josée Jacobs.