
Zu Gréiwemaacher huet an der rue de l'Hôpital eng Kiche gebrannt. Op der Plaz waren d'Ambulanz vu Mertert, d'Pompjeeë vu Gréiwemaacher-Mäertert a Manternach.
Op der Kockelscheier gouf et an der rue Robert Schuman eng Dampentwécklung. Hei waren d'Pompjeeën aus dem Réiserbann op der Plaz.
Um Briddel ass op der Lëtzebuerger Strooss Damp aus engem Buttek komm. Hei waren d'Pompjeeë vu Koplescht am Asaz.
Zu Esch um Boulevard J.F. Kennedy hu Poubellestute Feier gefaangen. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Esch.