Wann een hei nees an enger wirtschaftlecher Reprise ass an och e groussen Deel vun der Populatioun geimpft ass, sinn an den Zillänner vun der Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik d'Impftauxen zum Deel nach am eestellege Prozentberäich. Et géing ee Liicht um Enn vum Tunnel gesinn, ma déi Luucht wier net an all Land d'selwecht hell, sou de Franz Fayot.
"Vill Entwécklungslänner hunn nach ëmmer kee gudden Zougang u Vaccinen an déi ekonomesch Relance bleift och oft nach schwaach. D'Pandemie huet e staarke Réckfall verursaacht a Saachen Aarmut, Educatioun, Ernierung, Sécherheet an a villen anere Beräicher. Loosse mer net vergiessen, dass méi wéi 100 Millioune Leit an d'extrem Aarmut gefall sinn, wéinst de Konsequenze vum Covid an eng 250 Millioune Leit hir Aarbecht verluer hunn. Ganz ze schweige vun de Millioune Kanner, déi net an d'Schoul konnte goen an a ville Länner nach ëmmer net kënne goen."
Lëtzebuerg hätt bis ewell 400.000 Impfdosissen un de sougenannte Covax-System ginn an d'lescht Woch wier iwwerdeems decidéiert ginn, déi finanziell Moyenen op elo 4 Milliounen Euro ze verduebelen, fir Impfungen an deene méi aarme Länner zur Verfügung ze stellen. Ma Hëllef iwwert den internationale Verdeelungsmechanismus Covax géing net duergoen, sou de Minister Franz Fayot."Et ass net acceptabel, dass verschidde wéineg Pharmakonzerner riseg Profitter op der Basis vun ëffentlecher Recherche maachen an d'Leit an de méi aarme Länner keen Zougang zu Impfungen hunn. Mir ënnerstëtzen dofir d'europäesch Unioun an och aner Initiative fir d'Produktioun vu Covid-19-Vaccinen ze fërderen."De Klimaschutz an d'Ziler vum Paräisser Ofkommes sollen nach méi an der Entwécklungszesummenaarbecht verankert ginn, sou de Minister. Fir den CSV-Deputéierte Paul Galles kéint et zu engem Paradigmewiessel an der Kooperatiounspolitik kommen."Well déi Fro vun der Klimakris wäert dozou féieren, dass d'Kooperatiounspolitik vum globalen Norden, wa mer e sou däerfen nennen, hin zum globale Süden, also d'Zesummenaarbecht mam globale Süden zu enger globaler muss ginn, eng global Dynamik, déi Lëtzebuerg wäert nach vill méi fest a grouss Netzwierker astrécken, wou et drëms geet, dass eis Kooperatiounspolitik dozou hëlleft, dass mer hannen um Enn déi Klimakris hei global a weltwäit geléist kréien."
Weidert Thema war d'Koherenz tëschent der Kooperatiounspolitik an anere Regierungspoliticken - an den Ae vun der Deputéiert vun déi Lénk Nathalie Oberweis hätt déi rezent éischter of- wéi zougeholl."Eis Finanzplaz ass e wichtegt Rad bei der Steieroptimiséierungspraxis vun de Multinationalen, déi d'Entwécklungslänner all Joer Milliarden Euroe kascht. Eise Rentefong investéiert nach ëmmer a Firmen, déi nogewise Mënscherechter verletzen an ouni staarkt Liwwerkettegesetz riskéieren och Lëtzebuerger Firmen direkt op der Plaz un esou Mënscherechtsverletzunge bedeelegt ze sinn."
Fir e Liwwerkettegesetz huet sech och ënnert anerem déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain ausgeschwat, déi och net éiweg op en europäesche Kader waarde wëll.
"D'Fro hannendrun ass awer, wéi laang et da wäert daueren, bis dass dësen Text duerch d'Prozedur ass an ob mer et eis et op nationalem Plang erlabe kënnen, eis Aarbechten esou laang ze pausen an der Hoffnung, dass et op EU-Niveau relativ schnell géing weidergoen. D'Tatsaach, dass eng änlech Demarche am Kader vun de Konfliktmineralië quasi 10 Joer gebraucht huet iert se konnt en vigeure triede stëmmt eis do net immens optimistesch."De Budget fir d'Kooperatioun vun engem Prozent vum Bruttonationalakommes huet d'adr als eenzeg Partei a Fro gestallt..."Heiansdo ass et och gutt wann een net ze vill hëlleft fir grad esou d'Autonomie, d'Eegeverantwortung ze fërderen, a fir sou laangfristeg méi z'erreechen. Dat misst een eigentlech wëssen an dach awer gëtt dann iwwerschwänglech ëmmer gefeiert, dass mir ëmmer sou vill Entwécklungshëllef maachen."Esouwäit den adr-Deputéierte Fred Keup.